2. Divisioun, 1.Bezierk, 1.Spilldag: Young Boys Dikrech vs. AS Kolmer-Bierg 2-2 (0-1)

September 4, 2015

Den éischte Spilldag vum Championnat 2015/2016 hat et direkt a sech. An der Ufanksphase hu béid Equippen e puer Minutte gebraucht fir an de Match ze kommen. Et waren dunn awer déi vu Kolmer, déi sech lues a lues konnten an der Dikrecher Halschent festsetzen an déi eng oder aner gutt Chance net konnte verwäerten. Nodeems e Spiller sech am Réck vun der Defense konnt ewechschleichen ass him dunn och den 1-0 fir de Gaascht gelongen, mat engem stramme Schoss an de laangen Eck. Dikrech koum duerno awer besser an de Match, déi beschte Chance ass awer leider nëmmen um Aussenetz gelant.

D’Léit hate nach net all hiren Pausepatt eran du stoung et schonn 2-0 fir Kolmer, nodeems eng Rei Fehler dem Géigner de Wee vum Ustouss ewech Richtung Gol erméiglecht huet, wou eise Golkipp, de Carlo, emkreest gouf an keng Chance méi hat den zweete Gol ze verhënneren. Wat duerno vun de Jongen ze gesi war kann een als klassesch Trotzreaktioun beschreiwen. Si sinn direkt nom Geigegol engagéiert a mat vill Tempo Richtung Kolmerer Gol ugelaf an goufen net laang nom dommen 2-0 belount, wou den Marcos en zweete Ball konnt direkt an de Wénkel knuppen.

Duerno huet sech e spannende Match entwéckelt mat Chancen op béide Säiten. No engem Fehler vum Kolmerer Golkipp, deen de Ball ofpralle gelooss huet, war den Mica op der Platz an konnt gutt 25 Minutte viru Schluss den 2-2 marquéieren. No enger rouder Kaart fir de Géigner wéint Arbiterbeleidegung waren et dunn trotzdem di Kolmerer, déi  di läscht Chance haten. E Fräistouss huet awer nëmmen de Potto getraff an de Noschoss gouf vum Marco gutt paréiert.

De nächste Match ass e Sonndeg, um 16 Auer zu Käerch.

 


Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind markiert *