2. Divisioun, 1.Bezierk, 2.Spilldag: FC Käerch-Simmer vs. Young Boys Dikrech 0-0

September 13, 2015

Spilldag 2:

An engem nervöse Match mat ville Feeler op béide Säiten trenne sech Käerch an Dikrech um Sonndeg mat engem 0-0. D’Ufanksphase huet de Young Boys gehéiert, mee leider kruten d’Jongen sech am leschten Drëttel vum Terrain net entscheedent duerchgesat. Käerch ass lues a lues awer méi staark ginn an konnt di eng oder aner Kéier geféierlech am Dikrecher Strofraum optauchen. Di bescht Chance an der éischter Halschent geet awer op den Dikrecher Compte, wéi de  Heldrad sech rechts konnt duerchsetzen an den Ball aus spatzem Wénkel op de Poto gesaat huet.

Di zweet Halbzeit war vun ville Fehler an Ongenauegkeeten op béide Säiten geprägt. Béid Defensivreien hunn och bei de meeschten Standardsituatiounen gewackelt, an et wosst een net genau wéi eng Equipe den decisiven 1-0 géing erawurschtelen. Di meeschte Chancen haten awer d’Young Boys, mee weder den Luis, nach den Heldrad an de Bob konnten de Golkipp vu Käerch iwwerwannen. D’Haushären haten kuerz viru Schluss dunn och nach eng Chance aus dem Spill eraus, d’Flank vu rechts war awer ze schaarf virun de Gol gezunn, esou dat de Stiermer zwee Schrëtt ze spéit koum.

De nächste Match ass e Sonndeg, den 20. September zu Pärel, an net wéi ursprénglech uginn zu Dikrech!