20.09.2015
Eng ënnert dem Strich verdéngten Néierlag gouf et fir d’Young Boys um Sonndeg zu Pärel. De Match war nach keng Minutt amgaangen, do hätt den Haushär scho missen a Féierung goen, mee de Päreler Stiermer huet et fäerdeg bruecht de Ball aus 2 Meter iwwert de Gol ze schéissen. Dikrech koum duerno awer lues a lues an de Match an hat niewt engem geféierlechen Distanzschoss eng gutt Chance op den 1-0 wéi de Päreler Golkipp säi Gol verlooss hat mee den Dikrecher Spiller di eidel Këscht knapp verfeelt huet. Op der anerer Säit war et de Carlo deen d’Jongen mat enger gudder Parad am Spill gehal huet. De Match war allgemeng vun villen Ongenauegkeeten geprägt.
D’Iwwerleeënheet am Mëttelfeld huet dozou gefouert, datt Pärel och an der zweeter Halbzeit di besser Chancen hat. E kuriéise Moment gouf et duerch de Nuno, deen de Ball wollt klären an dobäi bal e Selbstgol verursaacht huet. De Ball ass virum eidele Gol awer opgetappt an vun der Lat dem Carlo zréck an d’Hänn gefall. No enger véirel Stonn waren et dunn awer d’Young Boys di den 1-0 konnte marquéieren, dat duerch e schéinen Hiewer vum Mica. Den 1-1 fir Pärel duerch en plazéierten Distanzschoss an de laangen Eck huet awer net laang op sech waarde gelooss. Di läscht véirel Stonn hunn d’Jongen dunn missen zu 10 spillen, wéi de Joao géint säi Géigespiller ze spéit koum a mat giel-rout huet missen den Terrain verloossen.
Pärel war duerno ze staark an huet den 2-1 no engem Fräistouss an de laangen Eck gekäppt an dem Carlo och kuerz viru Schluss no engem Schoss an den selwechten Eck wéi beim 1-1 keng Chance gelooss.
De nächst Match ass e Mëttwoch um 20 Auer beim Tabelleleader zu Ëlwen.
