2.Divisioun, 1. Bezierk, 5. Spilldag:  Young Boys Dikrech vs. SC Ell 1-1 (1-0)

September 28, 2015

27.09.2015

Nodeems d’Jongen an der Woch 3-0 zu Elwen verluer haten, gouf et e Sonndeg een 1-1 doheem géint Ell. D’Resultat spigelt awer net de Matchverlaaf erëm an fillt sech ënnert dem Strich wéi eng Néierlag un. No 10 Sekonnen gouf et en Eelefter fir Dikrech deen den Heldrad gutt plazéiert verwandele konnt. Duerno huet Ell probéiert an de Match ze kommen mee koum iwwert de ganze Match net wierklech richteg geféierlech virun den Dikrecher Gol. Kuerz virun der Halbzeit ware si no enger giel-rouder Kaart just nach zu 10.

An der zweeter Halbzeit huet sech d’Ënnerzuel bemierkbar gemaach an Dikrech hat eng gefillten Dosen gutt Chancen, e gudde Grapp dovun souguer honnertprozenteger. Mee weder de Bob, nach de Luis oder de Mica konnten den Deckel drop maachen. Wéi et am Futtball oft esou ass, goufen d’Jongen eng 10 Minutten fir di vill leie geloossen Chance bestrooft wéi no engem Fräistouss Duercherneen am Strofraum war an een Eller Spiller aus kuerzer Distanz den Belton konnt iwwerwannen.

 

De nächste Match ass e Mëttwoch um 20 Auer zu Gilsdref.