2. Divisioun, 1. Bezierk, 8. Spilldag: Sporting Stengefort vs. Young Boys Dikrech 1-0 (0-0)

Oktober 25, 2015

Dëse Sonndeg hunn d’Jongen zu Stengefort gespillt, awer leider erëm kee Punkt kënne mat Heem bréngen. Di éischt Halbzeit war ganz kloer fir den Haushär, deen sech eng hallef Dose Kéieren geféierlech an den Dikrecher Strofraum konnt kombinéieren. Et waren awer Ongenauegkeeten am Oofschloss an de Belton, déi Dikrech am Spill gehalen hunn.

No der Paus war Dikrech dunn e gutt Stéck besser, ouni sech awer ganz kloer Chancen erauszespillen. Di bescht Szenen waren zwee Wäitschëss, déi knapp iwwert respektiv nieft dem Gol gelant sënn. Pech dunn fir d’Young Boys wéi eng kloer Tätlechkeet um Dani, deen eng mat der flaacher Hand an d’Gesicht kruut, vum Arbiter net gepaff gouf. Kuerz duerno kennt Stengefort iwwer lénks an de Strofraum an de Stiermer konnt aus kuerzer Distanz äiskal verwandelen.

De nächste Match ass e Sonndeg um 16 Auer doheem géint Housen.