2. Divisioun, 1. Bezierk, 10. Spilldag: Harel-Iischpelt vs. Young Boys Dikrech 2-1 (1-1)

November 10, 2015

Spilldag 10.

31.10.2015

E Samschdeg verléiert Dikrech beim Tabelleleschten zu Harel an hëlt domat elo selwer di läscht Positioun an der Tabell an. Dobäi hat de Match positiv fir d’Jongen ugefang, wéi de Golkipp vun deenen Hareler de Ball wollt klären an dobäi säin Verteideger, resp. den Elio (d’Meenungen ginn do auserneen) getraff huet an de Ball an den eegenen Gol zréckgeprallt ass. Duerno war et eng ausgeglache Partie mat der beschter Chance fir Dikrech, den Heldrad war awer leider e puer Zentimeter ze kleng fir eng Flank vu lénks eranzekäppen. Zu engem denkbar schlechte Moment konnt Harel den Ausgläich marquéieren, dat no enger schlëmmer Feelpass an der Mëtt an engem schéine Schoss aus 16 Meter an de laangen Eck.

D’Young Boys koumen no der Paus net méi an de Match an et war den Haushär, deen mam éischten gudden Ugrëff iwwer lénks konnt an de Strofraum zéien an de Ball dreschen aus Spatzen Wénkel an d’Netz konnt setzen. Bis zum Schluss koum Dikrech zu kengem geféierlechen Ofschloss méi. Di Hareler haten nach den een oder aneren gudden Distanzschoss am Repertoire an hunn d’Resultat dunn bis zum Schluss verteidegt.

De nächste Match ass e Sonndeg um 16 Auer doheem géint Préizerdall-Réiden.