2. Divisioun, 1. Bezierk, 7. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. Blo-Wäiss Miedernach 0-2 (0-1)

November 10, 2015

Spilldag 7:

11.10.2015

 

No enger onglécklecher Néierlag an der Woch zu Gilsdref hunn d’Jongen och den zweete Match hannerteneen verluer. Miedernach war an der éischter Halbzeit di kloer besser Equipe an hat logescherweis och e puer gutt Geleeënheeten. Di bescht  dovunner huet en iwwerraschten Miedernacher Spiller aus kuerzer Distanz iwwert den eidele Gol geschoss. Dikrech koum di eng oder aner Kéier bis op d’Grondlinn mee konnt awer keng kloer Goalchance erausspillen. Den 1-0 fir Miedernach ass eng 10 Minutte virun der Halbzeit per Eelefmeter gefall.

 

An der zweeter Halbzeit huet Dikrech dunn méi um Spill deelgeholl, hat awer keng geféierlech Aktioun am Strofraum. Di bescht Chance haten d’Jongen duerch e Fräistouss deen den Miedernacher Golkipp awer konnt entschäerfen. Den 2-0 kruten di Miedernacher um Plateau servéiert, wéi se sech vun riets bis virun de Gol konnten kombinéieren an de Match aus kuerzer Distanz entscheeden.

 

De nächste Match ass en Sonndeg um 16 Auer zu Stengefort.