2. Divisioun, 1. Bezierk, 9. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. AS Housen 0-6 (0-3)

November 10, 2015

Spilldag 9:

25.10.2015

Een ganz batteren Sonndeg gouf et fir d’Young Boys, déi net nëmmen de Match haushéich verluer hunn, mee bei deenen sech och nach den Michel Delgado wéi et am Ufank ausgesinn huet schwéier verletzt huet. Di éischt Minutten hate béid Equipen jeeweils eng gutt Chance, béid Spiller konnten hire Ball aus kuerzer Distanz awer net gutt plazéieren. Den 1-0 fir Housen ass aus engem schéine Pass an d’Déift gefall deen den Stiermer alleng virum Gol äiskal verwandelt huet. Den 2-0 gouf et dunn no engem Schoss aus der Distanz bei deem de Belton leider net gutt ausgesinn huet. Den 3-0 war e schéine Volley am Strofraum deen net ze hale war.

Am Ufank vun der éischter Halbzeit gouf et dunn en brutaalt Foulspill um Michel. Säi Géigespiller hat hien net gesi kommen an ënnert dem Knéi getraff. D’Ambulanz huet misse geruff ginn. E puer Stonne nom Match gouf et awer liicht Entwarnung, et ass wuel näischt gebrach oder gerass. Duerno war Dikrech bemol waakreg an vill besser am Spill nofir. Gutt Chancen koumen awer net dobäi eraus. Housen konnt an de läschte 20 Minutten e schéine Fräistouss versenken an no enger weiderer Blessur vum Dani, deen net méi ausgewiesselt konnt ginn, eng deziméiert Dikrecher Defense nach zweemol auskonteren.

De nächste Match ass e Samschden um 18 Auer zu Harel.