No zwee desastréisen Resultater gouf et fir d’Young Boys een Punkt fir d’Moral zu Béiwen. D’Jongen koume gutt an d’Spill an hu sech spilleresch op méi engem héijen Niveau presentéiert. Di bescht Chance hat den Teo no gutt 20 Minutten, säi Fräistouss huet awer leider nëmmen d’Lat getraff. Béiwen koum di eng oder aner Kéier geféierlech an de Strofraum, mee d’Defense an de Carlo waren meeschtens op der Héicht. Leider war dat kuerz virun der Halbzeit net méi de Fall wéi de Carlo en Eelefter verursaacht huet an d’Haushären mat 1-0 konnten a Féierung goen.
No der Halbzeitpaus koum eng engagéiert Dikrecher Equipe aus de Kabinnen, di net den Androck gemaach huet, de Match schonn opginn ze hunn. No puer gudden Ugrëff op Dikrecher Säit huet den Teo deen de Luis mat enger schéiner Pass am Strofraum fonnt, deen de Ball iwwert de Golkipp zum 1-1 konnt hiewen. D’Schlussphase war spannend well di Béiwener net mam Resultat zefridde waren, an et war emol de Mich an emol de Carlo di e Schoss aus kuerzer Distanz konnten paréieren. Dikrech koum och nach zu hirer Chance de Match ze gewannen; den Dikrecher Spiller huet sech zwar alleng virum Golkipp rëmfonnt, de Wénkel war awer leider ze spatz fir de Ball ënnerzebréngen.
