No engem scho bal dramateschen Start an d’Réckronn hunn d’Young Boys hire Supporteren e weidere spannende Match geliwwert. D’Ufanksphase war schwaach vu béide Säiten an et koum kaum zu nennenswäerten Offensivaktiounen. No engem Fehler vum Emmanuel stoung de Gol eidel, mee de Päreler Spiller huet de Ball driwwer geschoss. Dikrech huet et puer mol aus der Distanz probéiert, awer ouni di néideg Präzisioun. Kuerz virun der Paus waren di Päreler just nach zum 10 um Terrain, dat no enger zimlech haarder Decisioun vum Arbiter deen engem Mëttelfeldspiller di giel-rout Kaart gewisen huet.
No der Paus huet Dikrech di decisive Pass gesicht, ouni se ze fannen. No engem Fräistouss léist den Päreler Golkipp de Ball du falen an de Marcos kann de Ball an d’Netz setzen. Kuerz duerno bal den 2-0 no enger ähnlecher Situatioun déi wéint Abseits awer ofgepaff gouf a bei där den Golkipp sech sou schwéier verletzt huet, datt d’Ambulanz huet misse geruff ginn. Him eng gutt Besserung op dësem Wee. No engem weidere Fräistouss fir d’Jongen koum den David aus kuerzer Distanz frei un de Ball an et stoung 2-0 fir Dikrech. Pärel huet awer net opginn an no enger genau sou zweiwelhafter giel-rouder Kaart fir den Claudio konnten si dunn duerch e schéinen Distanzschoss den Uschloss marquéieren. Kuerz viru Schluss stoung de Gol no engem Ausfluch vum Emmaniel nees eidel, mee en Dikrecher Verteideger krut de Schoss nach esou just un d’Lat deviéiert. De Micki hat d’Decisoun kuerz viru Schluss um Fouss, him as de Ball awer versprong an de Schoss goung däitlech driwwer.
De nächste Match ass op Densdes Owes, den 8. Mäerz um 8 Auer verluecht ginn. Mir spillen doheem géint Ëlwen.
