An enger zum Schluss ganz spannender Partie entféiert Dikrech e Punkt zu Ell. D’Jongen hu sech an der Ufanksphase schwéier gedoen an de Carlo huet eis een, zwee mol am Match gehalen. Lues a lues kruten d’Young Boys awer de Fouss op de Buedem an et war den Heldrad, deen alleng op de Golkipp konnt duergoen, deen hien dunn och emkreest an de Ball agenetzt huet. Ell war duerno e bësse schockéiert mee d’Jongen kruten den zweete Gol net méi virun der Halbzeit geschoss.
Knapps eng Minutt no der Paus krut de Mich de Ball mam Kapp net aus dem Strofraum an een Eller Spiller konnt de Fehler äiskal zum 1-1 ausnotzen. D’Jongen hu sech awer net aus dem Konzept brénge gelooss an ëmmer rëm iwwert di geféierlech lénks Säit ugegraff. Nodeems den Eller Golkipp e Ball gekläert huet, huet de Micki schnell geschalt an de Ball aus gutt 40 Meter direkt rëm an di aner Richtung geschéckt, an et stoung 2-1 fir Dikrech. Een Eller Spiller ass sech kuerz duerno eng giel-rout Kaart sichegang andeems en no enger stretteger Decisioun den Arbiter gestouss huet. Kuerz dorops ass den Heldrad erëm op de Gol duergaang, de Ball ass leider just um Potto gelant. Ell ass zu 10 awer ëmmer méi staark ginn an krut eng 20 Minutte viru Schluss en Eelefter. De Carlo war zwar nach drun, mee de Ball huet schlussendlech awer am Netz gezappelt. Béid Equipen wollten de Match nach wannen, mee et koum zu kenger gudder Chance méi.
De nächste Match ass Méindes, den 21.3. um 20 Auer doheem géint Gilsdref.
De nächste Match ass Méindes, den 21.3. um 20 Auer doheem géint Gilsdref.
