2. Divisioun, 1. Bezierk, 16. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. FC Racing Ëlwen 1-2 (0-1)

März 14, 2016

No enger gudder Leeschtung verléieren d’Jongen hiren éischte Match am neie Joer, mee et hätt awer grad esou gutt kënnen zu eise Gonschten ausgoen. Di éischt Halbzeit hunn d’Jonge probéiert iwwert hir riets Säit unzegräifen, di meescht Bäll an d’Mëtt waren awer ze onpräzis. Ëlwen huet ëmmer erëm mat Géigestéiss duerch d’Mett probéiert bei de Gol ze kommen. Hir bescht Chance ass awer aus kuerzer Distanz just um Potto gelant. D’Young Boys haten oft Pech beim Ofschloss, respektiv net di néideg Präzisioun bei hire Schëss aus der Distanz. Den 1-0 fir de Gaascht ass dunn no enger Rei Fehler gefall, bei där en Ëlwener zum Schluss aus kuerzer Distanz zum Ofschloss koum.

Dikrech koum awer staark aus der Paus an huet sech direkt eng Rei gutt Chancen erausgespillt, déi awer entweder um Potto oder knapp donieft gelant sinn. Ëlwen war awer ëmmer geféierlech an hat no engem zweeten Aluminiumtreffer vill Pech am Ofschloss. De Max hat di gréisste Chance wéi hien alleng op de Golkipp duergaangen ass, säi Schoss hat dunn awer kee Schmackes. Den 2-0 fällt dunn no enger Pass an d’Déift iwwert di lenks Säit. Den Emmanuel am Gol konnt den éischte Schoss nach gutt halen, hat beim Noschoss awer keng Chance. Dikrech huet net opginn, mee den 2-1 duerch de Micki no engem schlëmme Fehler an der Ëlwener Defense koum e bëssen ze spéit.

E Sonndeg, den 13. Mäerz spille mer um 16 Auer zu Ell.