2. Divisioun, 1. Bezierk, 18. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. Jeunesse Gilsdref 1-0 (0-0)

März 24, 2016

Ganz wichteg dräi Punkten gouf et fir d’Young Boys um Méinden den Owend doheem géint Gilsdref. Dobäi muss ee soen, datt den 1-0 schlussendlech mat enger gudder Portioun Gléck, respektiv mat vill Pech op Gilsdrefer Säit zustan koum.

An der Halbzeitpaus hätt et gutt a gär 3-3 kéinte stoen. Gilsdref hat di éischt gutt Chance, mee den Emanuel, dee en exzellenten Match gespillt huet, konnt de Schoss aus kuerzer Distanz mam Fous ofwieren. Dikrech huet sech no enger méi schwaacher Ufanksphase um Rimm gerappt an koum och zu enger Rei gudder Chancen, mee de Ball ass entweder knapp laanscht dem Gol gelant oder gouf vum Gilsdrefer Golkipp gekläert. Kuerz virun der Paus huet Gilsdref dunn nach e Ball ganz knapp laanscht de Gol gekäppt.

No der Paus hunn di meescht Supporter hiren Pausebéier méi séier missen drénken; et huet grad emol 13 Sekonnen gedauert bis Dikrech 1-0 vir war. Nom Ustouss schléit den Teo de Ball weit novir wou den Heldrad sech géint dräi Spiller duerchsetzt an de Ball iergendwéi an de kuerzen Eck wurschtelt.

Duerno huet sech e Match op ee Gold entweckelt, mee et hat een den Androck, wéi wann di onglécklech Gilsdrefer di ganz Nuecht kinnte weiderschéissen ouni de Gol ze treffen. An de läschten 10 Minutten huet d’Kraaft dunn lues a lues nogelooss an Dikrech koum nach zu dem engen oder aneren Konter. Mat enger engagéierter Leeschtung an der Defense kruten d’Jongen de knappe Virsprong dunn iwwert d’Zäit gerett.

De nächste Match ass den 3. Abrëll zu Miedernach.