Um Sonndeg verléieren d’Jongen ënnert dem Stréch verdéngt mat 1-3 zu Miedernach. D’Haushären hunn an der éischter Halbzeit den Toun uginn, mee a leschter Instanz war ëmmer en Dikrecher Fouss oder Kapp dotescht. Kuerz virun der Paus huet den Ricki e wonnerschéine Fräistouss wéi e Stréch an de laangen Eck gezunn an et stoung iwwerraschend 1-0 fir d’Jongen.
No der Paus huet Miedernach do wieder gemaach wou se opgehalen hunn. No puer Minutten geet en Stiermer alleng op den Emmanuel duer, deen de Ball awer mam Fouss kann ofwieren. No engem Corner fält dunn en Miedernacher Spiller an et gëtt Eelefter, deen deen den Ausgläich bréngt. Doropshin mussen d’Jongen schwéier Minutten iwwerstoen, an deenen vir d’éischt den Luis sech eng rout Kaart fänke geet an duerno, nodeems d’Defense de Ball net wech kritt, den 2-1 fält. De Schlusspunkt setzt e Miedernacher Stiermer no engem schéine Solo. 10 Dikrecher haten dem bis zum Schluss näischt méi entgéint ze setzen. D’Young Boys gewannen duerch di besser Goldifferenz awer eng Platz an der Tabell.
De nächste Match ass e Sonndeg um 16 Auer doheem géint Stengefort.
