No enger schwaacher Leeschtung verléiert Dikrech um Sonndeg doheem géint den Zweeten Stengefort. D’Jongen koumen iwwert 90 Minutten net richteg an de Match an de Gaascht huet deemno vun Ufank un de Match bestëmmt. Kloer Goalchancen gouf et awer op béide Säiten net. Dikrech huet et e puer mol aus der Distanz probéiert a Stengefort koum net decisiv virun de Gol. Dat huet sech awer no gutt 20 Minutte geännert wéi een Stiermer den Emanuel konnt ausspillen an seng Fuerwen a Féierung bréngen.
D’Young Boys koumen e bësse méi engagéiert aus der Paus, goufen awer mam zweeten gudden Stengeforter Ugrëff kal geduscht. No engem Solo iwwer lénks schléisst de Gaschtspiller an de kuerzen Eck of an d’Jongen hunn sech dovunner net méi erholl. De Schlusspunkt an der Partie war dunn e schéine Schoss aus der Distanz, deen wéi un der Schnouer gezunn am laangen Eck gelant ass.
Nächste Sonndeg spillen d’Young Boys um 16 Auer zu Housen.
