2. Divisioun, 1. Bezierk, 21. Spilldag: AS Housen vs. Young Boys Dikrech 0-0

April 17, 2016

Um 21. Spilldag entféiert Dikrech zu Housen 1 Punkt, mee et hätten der gutt a gären och kënnen 3 sinn. Di éischt Halbzeit gouf et vill Ongenauegkeeten op béide Säiten. Den Emanuel huet di beschten Housener Chance kenne mam Fous ofwieren, dat wie en Housener d’Lach an der Defense fonnt huet an alleng op de Gol konnt duergoen. Di beschte Chance op Dikrecher Säit hat de Micki, säi Fräistouss war awer net genau genuch.

No der Paus waren d’Young Boys di besser Equipe, mee de Gol wollt einfach net falen. No enger gudder Flank vum Marcos käppt de Micki knapp laanscht de Gol. Kuerz drop war et rëm de Micki deen de Bal aus der Dréiung knapp laanscht de Gol setzt. Di beschten Chance fir Housen, di bal just nach duerch Konteren geféierlech goufen, konnt den Emanuel mat enger gudder Parade aus dem Eck fëschen. Kuerz viru Schluss war et nees de Micki, deen aus 10 Meter am Housener Golkipp säin Meeschter huet misse fannen.

De nächste Match ass e Sonndeg um 19:30 doheem géint Harel.