No enger spannender Partie um Sonneg den Owend setzen d’Jongen sech um Enn verdéngt géint Harel duerch an bleiwen domat am Keller vun der Tabell un den direkte Konkurrenten drun.
Et war e Match an deem béid Equipen eng ganz Partie gutt Chancen haten an an deem et virun allem an der zweeter Halbzeit deelweis drënner an driwwer gaangen ass. An der éischter Halbzeit hate béid Säiten zwou gutt Chancen. Fir Dikrech war et erëm den Micki, deen emol mam Kapp an emol mat engem flaache Schoss vun hallef lénks de Gol knapps verfeelt huet. Harel koum och zweemol geféierlech virun de Gol, mee et war eisen Altmeister den Dan, deen den Emanuel huet missen ersetzen, an deen allkéiers um Poste war an fir seng Faarwe konnt retten.
Di zweet Halbzeit huet aus Dikrecher Siicht perfekt ugefangen, dat wei den Heldrad de Ball e puer Meter virum Gol an de Fouss gespillt krut an äiskal verwandelt huet. Kuerz drop hat de Micki d’Chance ze erhéijen, mee säi Lopp ass nëmmen um Potto gelant. D’Rechnung kruten d’Jongen direkt duerno, wéi den Dan ee laange Käppert net hale konnt. Duerno huet sech eng monter Partie entwéckelt, bei där den Dan d’Young Boys e puer mol mat gudde Reaktioune konnt am Spill halen, an Dikrech eng Villzuel vu Chancen verginn huet. Den Hareler Golkipp huet missen hëllefen an de Ball no engem Corner fale loossen, fir datt den David aus kuerzer Distanz konnt annetze. Nëmmen puer Minutten drop krut Harel allerdéngs en Eelefter an et stoung 2-2. Nodeems den Heldrad eng 100% Chance knapp laanscht d’Këscht gesat huet war et den Luis, deem de Ball no enger Rei Kappbäll am Strofraum virun d’Féiss gefall ass, an de Match entscheede konnt.
De nächste Match ass e Samschdeg um 18 Auer zu Réiden.
