2. Divisioun, 1. Bezierk, 23. Spilldag: FC Préizerdaul-Réiden vs. Young Boys Dikrech 3-1 (1-1)

Mai 5, 2016

No enger gudder éischter Halbzeit hunn d’Jongen sech um Enn missen mat 3-1 zu Réiden geschloe ginn. Am éischten Duerchgang konnten d’Jonge sech duerch eng engagéiert Defensivleeschtung di Réidener laang vum Pelz halen. Di geféierlechste Chance fir d’Heemequipe gouf et aus der Distanz, mee d’Lat huet de Réckstand fir Dikrech verhënnert. D’Dikrecher Spill no vir gouf meeschtens iwwert d’Banden lancéiert, awer ouni nennenswäerten Ofschloss. Kuerz virun der Paus huet dunn awer e Réidener Ball vu lénks de Wee bei e Stiermer fonnt, deen aus kuerzer Distanz annetze konnt. D’Reaktioun vun de Jongen huet awer net laang op sech waarde gelooss, sou dass de Mich Delgado schéin an d’Déift gecheckt gouf , an den Ausgläich fir Dikrech besuergt huet.

No der Paus huet Réiden allerdéngs d’Heft an d’Hand geholl an een Ugrëff nom aneren gestart. Aus abseitsverdächteger Positioun konnte si no puer Minutten de Ball rëm aus kuerzer Distanz an de Filet setzen. Duerno war et de Bob, deen den 2-2 geschoss huet, mee den Arbiter huet en Feeler vun him um Golkipp gepaff. No enger Flank aus dem Halleffeld huet e Réidener Spiller de Ball mam Kapp verlängert an et stoung 3-1. Kuerz viru Schluss krut Réiden dunn nach en Eelefter; de Spiller huet deen allerdéngs just op d’Lat gesat.

De nächste Match ass e Sonndeg um 16 Auer doheem géint Béiwen.