2. Divisioun, 1. Bezierk, 24. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. US Béiwen 2-4 (2-1)

Mai 8, 2016

2-4 verléiert Dikrech doheem géint Béiwen, an dat obwuel et no enger staarker Ufanksphase nach duerno ausgesinn hat, wéi wann d’Jongen de Match kéinten wannen. Den Luis war op rechts eng permanent Gefor an huet no engem Solo op de Gol den 1-0 geschoss. Nodeems Béiwen bis op een Schoss, deen iwwert de Gol goung, keng nennenswäert Chancen erspille konnt, huet den Heldrad per Noschoss aus knapps 10 Meter op 2-0 erhéicht. Den 3-0 war och nach zum Gräife no, mee de Ball ass vum Potto ofgeprallt an de Noschoss huet näischt abruecht. Kuerz virun der Paus konnt e Béiwener Spiller no engem Fehler eise Golkipp ëmkreesen an den Uschloss marquéieren.

Nom Pausenthéi koum Béiwen ëmmer méi staark an de Match an huet di Dikrecher Defense mat hiren héije Bäll virun ëmmer méi Problemer gestalt. Den 2-2 an den 2-3 sinn esou och ähnlech gefall: en Spiller konnt eis Defensivketten iwwerlafen an zweemol de Ball alleng virum Gol verwandelen. Den Heldrad hat dotescht nach den 3-3 um Fouss, mee beim Ofschloss huet him di neidesch Kraaft gefeelt. Béiwen huet dunn de Schlusspunkt gesat, dat no engem laange Ball, deen um zweete Potto erageschoss gouf.

De nächste Match ass e Freiden den Owend um 19:30 doheem géint Useldeng.