2. Divisioun, 1. Bezierk, 25. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. FC Jeunesse Useldeng 3-1 (0-0)

Mai 14, 2016

No enger hëtzeger Schlussphase kennen d’Jongen sech um Enn mat 3-1 géint Useldeng duerchsetzen an hunn de läschte Spilldag nach d’Chance op den direkten Klassenerhalt. Di éischt Halbzeit war aarm un Highlights. Di bescht Chance fir de Gaascht konnt den Emanuel mat engem gudde Reflex entschäerfen. Op Dikrecher Säit war just e Käppert an e Schoss ze vermierken, di allen zwee hiert Ziel verfeelt hunn.

No der Paus hunn d’Young Boys méi couragéiert no vir gespillt, hunn awer den 0-1 no engem ofgefälschten Fräistouss missen kasséieren. D’Reaktioun huet awer net laang op sech waarde gelooss, an no engem Solo op der rietser Säit vum Micki huet säi Schoss zwar de Potto getraff, mee de Luis huet schnell reagéiert an dem Golkipp de Noschoss tëscht de Been erduerch geschoss. An de läschte 5 Minutte vum Match konnten d’Supporter dunn souwuel di gutt wéi och di manner gutt Säiten um Futtball bewonneren. De Micki huet seng Faarwen Féierung bruecht andeems en e Fräistouss schéin an den Eck gesat huet. Den Emanuel op der anerer Säit huet Dikrech di eng oder aner Kéier mat vollem Kierperasaatz am Spill gehal. Deem engen oder anere Spiller ass dunn awer d’Sicherung duerchgebrannt, an esou kruten zwee Useldenger eng giel-rout, respektiv eng rout Kaart wéint Meckeren an Tätlechkeeten. D’Jongen hunn d’Onrou ausgenotzt an den Heldrad huet mam 3-1 aus kuerzer Distanz den Deckel drop gesaat. Nom Schlusspaff vum Arbiter krut dunn nach een Gaschtspiller wéint Meckeren di drëtt rout Kaart vum Match.

Den läschte Match vun der Saison ass e Sonndeg um 16 Auer zu Kolmer.