Um leschte Spilldag gewannen d’Young Boys de Match zu Kolmer a sécheren sech domadder de Klassenerhalt!
Géint ee Géigner, dee bis an di läscht Minutt net opginn huet, gouf et no puer Minutten well eng kal Dusch, nodeems de Ball vum Potto op dem Marcos geprallt ass, deen esou keng Chance hat, den Selbstgol ze verhënneren. Dikrech war net richteg am Match, huet awer lues a lues eng Reaktioun gewisen. Virun der Halbzeit war et een Ugrëff iwwer rechts mat engem flaache Schoss an de laangen Eck, deen de Jongen den Ausgläich bruecht huet. Kuerz drop huet den Luis d’Heft an d’Hand geholl, an den 2-1 fir seng Faarwen aus der zweeter Rei marquéiert.
No der Paus hunn d’Young Boys schonn un eng kleng Virentscheedung gegleeft, nodeems erëm de Luis mat engem schéine Lopp zum 3-1 agenetzt hat. Mee ze fréi gefreet: Kolmer koum zum Uschlosstreffer an et huet sech eng ganz spannend Partie entwéckelt. Den Emanuel, deen an der éischter Halschent schonn di eng oder aner Kéier um Poste war, huet sech misste laang strecken fir den Ausgläich ze verhënneren. No engem Konter iwwert di rechts Säit konnt de Micki den zweete Ball aus bal onméiglechem Wénkel an de laangen Eck setzen. Mee Kolmer huet sech nach ëmmer net erginn an konnt kuerz drop den 3-4 käppen. No e puer nervenzereissenden Minutten an der Nospillzäit konnten d’Jongen dunn awer féieren, nodeems kloer war, dat di Réidener hire Match géint eise Konkurrent Käerch konnt héich gewannen.
Eis Equipe, di zäitweis op der leschter Platz stoung a ganzer 4 Punkten an der éischter Halschent vun der Saison konnt sammelen, huet duerch eng wonnerbar Réckronn also nach den direkten Klassenerhalt gepackt. Et kann een hinnen an eisem Trainer dem Patrick fir hier Leeschtung nëmmen felicitéieren!
