E Sonndeg waren d’Supporter zu Dikrech Zeien vun eng ganz klorer Victoire an domat engem gelongene Start an di nei Saison. Den Bruno am Gol war de ganze Match iwwer, mat Ausnahm vun engem Distanzschoss deen hie konnt paréieren an engem Konter, deen hien konnt oflafen, ouni grouss Beschäftegung.
D’Young Boys hunn virun allem am diagonale Spill no vir, virun allem iwwert hir staark Banden iwwerzeegt. Den 1-0 gouf iwwer rechts lancéiert, den éischten Ofschloss konnt nach ofgewiert ginn, mee den Edi huet de Ball per Fallrückzieher zréck an d’Mëtt bruecht wou de Max de Ball per Volley an den Filet setze konnt. Den 2-0 war nees e Ball deen iwwer rechts an de Strofraum koum, wou de Max rëm gewaart huet an erhéije konnt. Kuerz drop souguer d’Chance fir en Hattrick fir de Max, mee den Golkipp war des Kéier op der Platz. Eisen Neizougang, den Joel, war fir den 3-0 an de 4-0 zoustänneg. Hie war net nëmmen op senger rechtser Bande mee och am Zentrum ze fannen, wou hien eng Kéier platzéiert aus der Distanz an eng Kéier souverän aus puer Meter annetze konnt. Allgemeng kann ee soen, datt eis 3 Neizougäng di gëschter um Terrain stoungen, den Edi, den Joel an den Nic, d’Spill decisiv mat ugekuerbelt hunn.
No der Halbzeit war d’Loft e bësse raus. Den Mich Delgado konnt mat engem gewaltegen Fräistouss an den Golkippseck op 5-0 erhéijen. Kuerz viru Schluss war et dunn nach den Elio, deen géint seng al Kameroden, nodeems en den Golkipp ëmkreest hat, den Schlusspunkt gesat huet.
De nächste Sonndeg spille mer um 16 Auer nees géint Bruch, des Kéier awer auswäerts an an der Coupe de Luxembourg.
