Coupe de Luxembourg: 1. Tour: FC Bruch vs. Young Boys Dikrech 1-5 (0-3)

September 5, 2016

Nom gudde Start an d’Championnat haten d’Jongen e Sonndeg zu Bruch wéineg Problemer an den zweeten Tour weiderzekommen.  Dikrech as mat enger op puer Positiounen verännerter Formatioun an de Match gaangen. De Cristiano huet no 5 Joer säi Comeback an de Faarwen vun de Young Boys ginn.

Et war och hien, deen di zwou decisiv Passen an d’Stuermspëtzt gespillt huet, di allen zwou beim Heldrad gelant sinn, deen keng Problemer hat den Golkipp ze iwwerwannen. Bruch koum am verglach zum Weekend virdrun awer och zu e puer Chancen. Di bescht dovunner hätt kennen zum 1-0 fir d’Haushäre féieren, mee de Ball ass iwwert den eidele Gol gaangen. Virun der Paus war et dunn de Joël, deen aus bal 20 Meter mat engem sate Lénksschoss an de laangen Eck marquéiere konnt.

No der Paus war d’Loft ufanks e bëssen raus, an Bruch koum e puer mol geféierlech an de Strofraum. E gudden Ugrëff iwwer lenks huet an der Mëtt, ähnlech wéi am Championnat, de Max fonnt, deen oofstëppse konnt. No enger rouder Kaart wéinst enger Onsportlechkeet vis-à-vis vum Arbitter war Bruch dunn nëmmen nach zu 10, hunn awer vun engem Mëssverständnes vum Mich Dupont a vum Bruno am Gol profitéiert, vir den 1-4 ze schéissen. De Luis, deen virdrun schonn e puer gutt Chancen verginn hat, huet kuerz viru Schluss nach e Ball schéin an de Wénkel gesat an vir de Schlussaccord gesuergt.

Nächste Sonndeg geet et um 16 Auer doheem géint Ëlwen am Championnat weider.