2. Divisioun, 1. Bezierk, 2. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. FC Racing Ëlwen 4-2 (1-0)

September 12, 2016

An enger monterer Partie setzen sech d’Jongen och um zweete Spilldag géint hire Géigner duerch, a gewannen mat 4-2 géint Ëlwen. Di éischt Halbzeit war ganz ausgeglach mat engem liichte Chanceplus fir d‘Haushären. De Bruno war bei deenen zwou beschte Chancen fir Ëlwen um Posten fir seng Faarwen am Spill ze halen. Den 1-0 fir d’Jongen fält dann elo schonn an d’Kategorie „Tor des Jahres“. De Joel huet de Ball no un der lénker Bande, an schléit eng bal 40 Meter weit Flank, di awer am Wénkel aschléit an een perplexe Golkipp zréckléisst.

De Recht vun der éischter Halbzeit an den Ufank vun der zweeter Halbzeit hat een dunn d’Impressioun, wéi wann d’Jongen de Fuedem bëssen verluer hätten. No enger schéiner Pass an d’Déift konnt de Nuno awer d’Féierung fir Dikrech ausbauen. Kuerz drop fält den 2-1 no engem Ugrëff iwwert di offensiv lenks Säit, an et war nees spannend. No a no kruten d’Young Boys sech awer erëm offensiv duerchgesat, an et waren de Luis deen alleng virum Gol äiskal bliwwen ass, an den Cristiano mat engem schéine Solo géint 4 Ëlwener, déi de Match entscheede konnten. De Gäscht ass zwar nach den Uschloss gelongen, mee sie koumen duerno zu kengem geféierlechen Ofschloss méi.

De nächste Sonndeg spille mer um 16 Auer heiheem an der Coupe géint Rodange.