Coupe de Luxembourg: 2. Tour: Young Boys Dikrech vs. FC Rodange 91 1-3 (0-2)

September 19, 2016

No enger engagéierter Leeschtung hunn d’Jongen sech missen mat 1-3 géint Rodange aus der Éierepromotioun geschloe ginn. Rodange war iwwer 90 Minutten di iwwerleeën Equipe an huet e gudde Grapp voll Chance leie gelooss. An der 12. Minutt ass ee Rodanger Stiermer mi héich gesprongen wéi all di aner a konnt den 0-1 käppen. Dikrech huet sech awer net verstoppt an probéiert schnell no vir ze spillen. De Joël konnt aus kuerzer Distanz op de Gol käppen, mee leider ze zentral. Duerno waren et de Bruno an d’Lat di fir d’Young Boys konnte retten. Virun der Paus konnt e Gaschtspiller no enger Pass vun der Säit den 0-2 oofstëppsen.

No der Paus huet sech dat selwecht Bild gebueden. No engem Konter hu sech 3 Rodanger géint 2 Dikrech am Strofraum erëmfonnt an et stoung 0-3. D’Jongen hunn awer bis zum Schluss probéiert mat ze halen a goufen kuerz viru Schluss mam 1-3 duerch de Joël belount.

E Mëttwoch den Owend um 19 :30 Auer spille mer am Championnat an der Fiels.