2. Divisioun, 1. Bezierk, 3. Spilldag: AS Rupensia Lusitanos Fiels vs. Young Boys Dikrech 3-1 (1-1)

September 22, 2016

Um Mëttwoch gouf et di éischt Néierlag am Championnat fir d’Jongen an der Fiels. Dikrech huet probéiert vum Ustouss un ze weisen, wien di besser Equipe wier, wat ufanks och gelongen ass. Mat enger ganz offensiver Ausriichtung hu si d’Heemequipe hannen eran gedréckt, an et war am Fong just nach eng Fro vun der Zäit, bis d’Young Boys zu gudde Chance géinge kommen. Di Fielsser konnten sech awer lues a lues befreien an hu probéiert mat laange Bäll de Wee no vir ze fannen. Een vun deenen Bäll gouf dunn vun der Defense ënnerschat an de Fielsser Spiller konnt den 1-0 aus dem Näischt eraus schéissen. Kuerz drop koum et zu enger bal identescher Situatioun, di den Dani am Gol awer konnt klären. Nodeems d’Jongen sech gerëselt hunn, hunn si konsequent op den Ausgläich gedréckt. No engem schnellen Ugrëff iwwer rechts huet den Luis säi Matspiller gesicht an en Géigespiller fonnt, deen an den eegene Gol getraff huet.

No der Paus sinn di Fielsser mi staark ginn an d’Jongen hunn lues awer sécher de Fuedem verluer. Sou koum et zu villen Ongenauechtegkeeten an zum 2-1 duerch e schéinen Wäitschoss. Während d’Young Boys sech vir festgerannt hunn, krut d’Fiels en Eelefter 20 Minutte viru Schluss, deen am zweeten Ulaf verwandelt gouf. Dikrech huet et bis zum Schluss ouni Erfolleg probéiert. Een verschossenen Eelefter kuerz viru Schluss huet en onglécklechen Dag fir d’Jongen ofgeronnt.

De nächste Match ass e Sonndeg um 16 Auer doheem géint Béiwen.