2. Divisioun, 1. Bezierk, 4. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. US Béiwen 2-2 (0-2)

September 26, 2016

No engem gudde Comeback retten d’Jongen nach e Punkt géint Béiwen, an et wier souguer nach méi dragewiecht.

Dikrech war vum Ustouss un di besser Equipe an huet e Grapp voll gutt Chance leie gelooss. Di zwou bescht hunn den Potto nëmmen em Zentimeter verfeelt. Mee wéi et am Futtball oft esou ass, ginn Noléissegkeeten virum Gol bestrooft. Di éischt gutt Chance fir Béiwen war direkt dobannen, dat wéi de Bruno en Fräistouss huet missen ofpralle loossen an näischt méi géint de Noschoss konnt maachen. Dikrech huet direkt op den 1-1 gedréckt an krut kuerz virun der Paus den 0-2 ageschenkt.

No der Paus hunn d’Jongen awer net di selwecht Feeler gemaach wéi an der Fiels, an et war den de Luis, deen e Ball am Strofraum fest an de laangen Eck konnt setzen. Den 2-2 geet och op d’Rechnung vum Luis, dat no enger gudder Kombinatioun iwwer lénks, di hien selwer mat lancéiert huet. Den Micki hat kuerz viru Schluss souguer nach den 3-2 um Fouss, mee am leschte Moment konnt nach en Béiwener klären.

Den Dag an d’Platz vum nächste Match goufen geréckelt, an mir spillen en Donneschden doheem um 20 Auer géint Kolmer.