2. Divisioun, 1. Bezierk, 6. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. SC Stengefort 1-3 (0-2)

Oktober 11, 2016

E Sonndeg verléieren d’Jongen hiren zweete Match hannerteneen mat 1-3 géint den Opstiegsfavorit Stengefort. Dikrech hat vun Ufank un hir Schwieregkeeten mam Géigner a mat hiren eegene Päss. Stengefort ass direkt vun Ufank un zu gudde Chance komm. Bei engem Schoss aus bal 20 Meter stoung de Bruno e bësse weit virum Gol an et stoung 0-1. D’Young Boys koume seelen zum Ofschloss a wann, dann och net präzis genuch. Nodeems de Bruno e puer mol gutt reagéiere konnt, koum eng Flank tescht eis zwee Inneverteideger déi de Stiermer exzellent konnt unhuelen an den 0-2 an de laangen Eck marquéieren.

No der Paus ass Dikrech mi staark ginn, mee d’Chancenverwäertung war nach ëmmer net gutt genuch. De Joël konnt eleng op de Gol lafen mee de Wénkel war ze spatz. Kuerz drop konnt hien awer den Uschloss erzielen nodeems en vun engem graffe Fehler an der Stengeforter Defense profitéiert huet. An de leschte Minutten waren d’Gäscht awer erëm mir staark an hunn no engem Ugrëff iwwer lénks den Wee laanscht de Bruno eng drëtte Kéier fonnt.

Nächste Sonndeg spille mer um 16 Auer zu Useldeng.