2. Divisioun, 1. Bezierk, 7. Spilldag: FC Jeuensse Useldeng vs. Young Boys Dikrech 0-1 (0-1)

Oktober 17, 2016

No enger spannender Partie setzt sech Dikrech um Enn glécklech mat 1-0 zu Useldeng duerch. D’Jongen hunn di éischt 25 Minutten gréisstendeels dominéiert. No enger schéiner Kombinatioun tëscht dem Micki an dem Cristiano kann de Joël alleng op de Gol duerlafen an gewënnt den Duel mam Golkipp duerch e Schoss an de kuerzen Eck. Duerno huet Useldeng d’Heft lues a lues an d’Hand geholl, mee et war bis d’Halbzeit emmer en Dirkecher Fouss dotëscht.

An der zweeter Halbzeit waren d’Haushären di besser Equipe mee haten virum Gol entweder Pech oder Onverméigen. Di beschte Chance gouf et fir si awer no engem Fräistouss deen just d’Lat geroden hat. D’Young Boys hu lues a lues ze vill giel Kaarten ugesammelt, sou dass bannen puer Minutten den Cristiano an den Dupons Mich mat giel-rout vum Terrain geflunn sinn. D’Jongen hunn si lescht knapp véierel Stonn zu 9 alles ginn an koumen souguer nach zu e puer Chancen, mee weder den Heldrad, nach de Joël an de Max konnten den Deckel drop maachen. Useldeng koum an der Nospillzäit géint kämpfend Dikrecher och net méi zu enger klorer Chance an d’Jongen hunn di 3 Punkten esou mat heem geholl.

Nächste Sonnden spille mer um 16 Auer doheem géint Feelen.