2. Divisioun, 1. Bezierk, 9. Spilldag: SC Ell vs. Young Boys Dikrech 1-2 (0-0)

November 6, 2016

No enger intensiver Partie setzen sech d’Jongen um Enn glécklech mat 1-2 zu Ell duerch. An der Halbzeit hätt et awer gutt a gären 3-0 fir den Haushär kenne stoen. Dikrech koum net an d’Zweekämpf an huet di néideg Präzisioun an de Päss vermësse gelooss. Ell dogéint huet sech no a no Chancen erausgespillt a konnt no gutt 20 Minutten alleng op de Gol duer lafen. Den Dani war awer um Posten a konnt de Ball mam Fouss erausfëschen. Duerno as en Eller Spiller rechts am Strofraum fräi zum Schoss komm, huet de Ball awer just un d’Aussennetz gesat. Kuerz virun der Paus huet Ell dunn vir d’éischt e Schoss knapp laanscht den eidele Gol gesat an krut kuerz duerno en Gol wéinst Abseits oferkannt. Dat selwecht ass och de Young Boys geschitt, wéi dem Max säi Gol zréckgepaff gouf.

No der Paus haten d’Jonge nach ëmmer Schwieregkeeten an Ell koum zu der verdéngter Féierung, wéi erëm e Spiller alleng op de Gol konnt lafen an den Dani deskéier iwwerwanne konnt. Dikrech ass duerno lues a lues besser ginn, nët ouni hirem Géigner awer nach bis zum Schluss Konterchancen ze zerwéieren. E Ball an d’Spëtzt huet den Heldrad fonnt, deen de Ball lénks laanscht de Golkipp konnt drécken an et stoung bemol 1-1. De Recht vum Match hunn d’Supporter en Hin an Hier verfollegt. De Cristiano huet aus 20 Meter e Schoss vum Stapel gelooss, deen sech hannert dem iwwerraschte Golkipp an d’Netz gesenkt huet. Ell ass géint d’Néierlag ugelaf a krut an der leschter Sekonn vum Match nach eng Chance op den Ausgläich, de Schoss aus der Distanz huet awer just de Potto getraff.

Nächste Samschdeg spille mer owes um 8 Auer doheem géint Klierf.