2. Divisioun, 1. Bezierk, 11. Spilldag: AS Housen vs. Young Boys Dikrech 4-1 (3-1)

November 23, 2016

No 4 Victoiren um Stéck hunn d’Jongen sech missen mat 4-1 zu Housen geschloe ginn. Dikrech krut iwwert di 90 Minutten sielen e Fouss op den schwéier bespillbaren Terrain an konnten esou hiert d’Spill net opzéien. Di éischt Minutten waren awer ausgeglach, an et waren d’Young Boys mat der beschter Chance, wéi en Fräistouss vum Cristiano d’Lat gesträift huet. Kuerz drop konnt den Haushär no engem Ugrëff iwwer riets den 1-0 schéissen. D’Äntwert vun de Jongen huet awer net laang op sech waarde gelooss an den Max huet den Heldrad am Strofraum fonnt an et stoung 1-1. Duerno hätten d’Jongen kéinten a Féierung goen, mee dem Cristiano säin Eelefter gouf vum gudde Golkipp erausgefëscht. Di kal Dusch gouf et dunn nach virun der Halbzeit, wéi Housen vir d’éischt e Konter zum 2-1 konnt eran setzen an kuerz drop per Noschoss no engem Handelefter den 3-1 konnt marquéieren. Zu allem Iwwerfloss fir d’Jongen huet den Nick beim der Eeleftersituatioun och nach di giel-rout Kaart gesinn.

No der Paus koum Housen ëmmer erëm zu gudde Konterchancen, mee et war den Dani am Gol an d’Präzisioun am Ofschloss di Schlëmmeres verhënnere konnten. Dikrech huet trotz Ënnerzuel probéiert offensive weider ze spillen, kruten awer wei an der éischter Halbzeit kee richtegen Zougrëff op de Match. Kuerz viru Schluss huet Housen dunn nach duerch een vun de ville Konteren nogeluecht an d’Endresultat hiergestallt.

De nächste Match ass e Sonnden um 16 Auer doheem géint Wëntger.