2. Divisioun, 1. Bezierk, 13. Spilldag: Jeunesse Gilsdref vs. Young Boys Dikrech 2-2 (1-1)

Dezember 4, 2016

No enger ëmkämpfter Partie deelen Gilsdref an Dikrech um 13. Spilldag d’Punkten. No engem éischte Gilsdrefer Schoss laanscht de Gol hunn d’Jongen d’Heft an der éischter Halbzeit an d’Hand geholl a waren drécken iwwerleeën. No enger gudder Pass an d’Déift leeft den Heldrad alleng op de Golkipp duer an bréngt seng Faarwen a Féierung. An de Minutten duerno huet just Dikrech gespillt, leider waren d’Ofschlëss ze ongenau. Een Fräistouss vum Joël huet dunn och nach just d’Lat getraff, an et war eigentlech just nach eng Fro vun der Zäit, bis den 0-2 fält. Zum Schluss vun der éischter Halschent hunn d’Young Boys awer d’Heft erëm aus der Hand ginn an den Haushär ass mi staark ginn. Kuerz virun der Paus krut d’Defense ee Ball net aus dem Strofraum an een Gilsdrefer Spiller konnt en Ofpraller ënnert d’Lat neelen.

No der Paus war Gilsdref mi staark an Dikrech hat ze vill Ongerechtegkeeten am Spill. Et koum awer weder op der enger nach op der anerer Säit zu klore Chancen. Vill méi war d’Mëttelfeld ganz haart ëmkämpft an béid Equipen hu mam veräisten Terrain gekämpft. Nodeem sech een Gilsdrefer iwwer rechts konnt duerchsetzen, huet hien an den laangen Eck ofgezunn an den Haushär loung a Féierung. D’Jongen hu nach eng Kéier alles no vir geschmass an goufen an der 90. Minutt belount, wie een vun eise Jongen (mir mengen et war den Heldrad) sech am Duercherneen am Strofraum per Kapp konnt duerchsetzen.

Een Punkt mat deem een opgrond vun der éischter Halbzeit onzefridden, opgrond vun der zweeter awer zefridde muss sinn.

De leschte Match fir dëst Joer ass en Donneschden an der Coupe FLF um 20:00 Auer zu Lëntgen.